Wellkomm

Mir begréissen Iech häerzlech um Site vum Vespa Club Diddeléng.

Novità

Logo Amici Vespa Diddeleng

Presentatioun vum neien Logo 03/24

Amici

Wien si mir…

Mir waren ufanks zu 6 gudde Frënn déi duerch verschidden Ëmstänn un dat selwecht Hobbi gefouert gi sin, eis Vespa. Wat flott war, dass aal Frëndschafften erëm opgefrecht gi sin duerch déi gemeinsam Initiativen iwert eist Hobbi. Vespa fueren a Vespa liewen sin 2 verschidde Schong. Déi 6 éicht Memberen waren den Vincenzo Basile Initiator vum spéidere Club Amici Vespa Diddeleng a Comité-Member. Déi aner 5 sin den Adriano Basile, President, den Giancarlo Fetti, Trésorier, de Brudder Marcello Fetti, Club-Member, den Marco Puleo, Comité-Member an den Dan Thill, Vize-President. Eis éicht Initiativ huet sech genannt „6 AMICI VESPA“ 

Net lang Zäit ass vergangen bis mir 12 Amicien waren déi duerno all zesummen zu de Grënnermemberen gehéierten. Den Amici Vespa Diddeleng ass am November 2022 an d’Liewe geruff gin. Mir schreiwten déi ronn 12 mam Romain Wohl, Comité-Member, den Jeff Peiffer, Comité-Member, den Angelo Basile Club-Member, Dan Daxhelet, Club-Member, den Pascal Muno, Club-Member, de Jos Frederes Club-Member an de Carlo Perrard Comité Member a Sekretär.

Wat mache mir…

Flott Tiir si mir zesumen gefuer, awer nët nëmmen ënnert eis mais och mam Vespa Club roude Léiw Lëtzebuerg wou déi meecht vun eis scho Member waren an et och bliwe sin. Mir probéieren eisen Enthusiasmus, eis Passioun, eis Erfarung mat iech ze deelen a sou eis Interessengemeinschaft ze erweidern. Zesummen si mir stark interesséiert traditionellt a modernt Vespa fueren ze verbannen. Ëmbauten vun eisen Vespaen, Reparaturen a Revisiounen mache mir selwer a verbrengen och sou zesummen agreabel Zäit. Eise Président ass och eisen Chef-Mechanisien, wat op alle Fall praktesch ass 😉

Mir freen eis duerch dëss Intro „WIEN SI MIR A WAT MACHE MIR“ nach Memberen mat genau deenen selwechten Interessien dabei ze gewannen. Mir sin Amicien oder dir gitt Amicien…

Neie Member

 Wann Dir wëllt Member ginn, da klick op dëse Link : Aschreiwung

Kontakt

Info

Telefon : +352 621 273 005

E-mail: info@amicivespa.lu

Adresse

18b, rue Jean Wolter

L-3544 Dudelange